***

| Url | https://www.lelljer-gaart.lu/news/adventsverkaf-2026/ |
| --- | --- |
| MetaTitle | Adventsverkaf 2026 - Geschützte Werkstätte - Lëlljer Gaart |
| MetaDescription | Adventsverkaf 2026. Geschützte Werkstätte Lëlljer Gaart. Ausbildung, Wertschätzung, Autonomie und Respekt |



![Adventsverkaf 2026 - News](/thumbnails/126196-865-300-Crop.png)

Entdeckt d’Produkter aus eise verschiddenen Atelieren an enger festlecher Ambiance!  
  
20.–27. November 2026, mat NOCTURNE e Samschdeg, den 21. November 🌟

🎄✨ Vun freides, dem 20. November un, gëtt et festlech am Lëlljer Gaart!

**Bis de 27. November invitéiere mir Iech häerzlech op eisen traditionellen Adventsverkaf. Entdeckt déi mat vill Léift hiergestallte Produkter aus eise verschiddenen Atelieren, fannt flott Kaddosiddien a loosst Iech lues a lues a Chrëschtdagsstëmmung versetzen. 🥰**

**🌟 E besonneschen Highlight: eis Nocturne e Samschdeg, den 21. November!**

Deen Owend si mir bis 22:00 Auer fir Iech do! Freet Iech op e gemittlechen Dag mat guddem Iessen, Gedrénks a flotter musikalescher Ënnerhalung. 🎶

Fir déi richteg Stëmmung suergen:  
🥁 ToSa Djembé Grupp – Éisleker Heem  
🎺 Jugendorchester Wëntger Musik  
🎷 Saxophonensemble MC Double L – Musikschoul Klierf

🎁 Wärend eisem Adventsverkaf waart eng grouss Auswiel op Iech:  
✨ Adventskränz a Blummenarrangementer  
✨ Chrëschtdekoratiounen  
✨ Likören an Drëppen  
✨ Äppelchips  
✨ Gebeess, Esseg an Ueleg  
✨ Handgemaachte Kreatiounen aus eisem kreativen Atelier  
✨ Keramikaarbechten  
✨ Mat vill Léift zesummegestallte Kaddoskierf  
… a villes méi!

Egal ob Dir Iech selwer eng Freed maache wëllt oder nach e flotte Kaddo fir Är Léifste sicht – bei eis fannt Dir bestëmmt eppes Passendes! 🎁✨

📅 Vum 20. bis de 27. November  
🌙 Nocturne e Samschdeg, den 21. November, bis 22:00 Auer  
🕒 Déi aner Deeg gëllen eis gewinnten Ëffnungszäiten.

Mir freeën eis, Iech bei eis begréissen ze kënnen a mat Iech e puer schéi Momenter an enger gemittlecher, festlecher Ambiance ze verbréngen! ❤️🎄