🎄✨ Vun freides, dem 20. November un, gëtt et festlech am Lëlljer Gaart!
Bis de 27. November invitéiere mir Iech häerzlech op eisen traditionellen Adventsverkaf. Entdeckt déi mat vill Léift hiergestallte Produkter aus eise verschiddenen Atelieren, fannt flott Kaddosiddien a loosst Iech lues a lues a Chrëschtdagsstëmmung versetzen. 🥰
🌟 E besonneschen Highlight: eis Nocturne e Samschdeg, den 21. November!
Deen Owend si mir bis 22:00 Auer fir Iech do! Freet Iech op e gemittlechen Dag mat guddem Iessen, Gedrénks a flotter musikalescher Ënnerhalung. 🎶
Fir déi richteg Stëmmung suergen:
🥁 ToSa Djembé Grupp – Éisleker Heem
🎺 Jugendorchester Wëntger Musik
🎷 Saxophonensemble MC Double L – Musikschoul Klierf
🎁 Wärend eisem Adventsverkaf waart eng grouss Auswiel op Iech:
✨ Adventskränz a Blummenarrangementer
✨ Chrëschtdekoratiounen
✨ Likören an Drëppen
✨ Äppelchips
✨ Gebeess, Esseg an Ueleg
✨ Handgemaachte Kreatiounen aus eisem kreativen Atelier
✨ Keramikaarbechten
✨ Mat vill Léift zesummegestallte Kaddoskierf
… a villes méi!
Egal ob Dir Iech selwer eng Freed maache wëllt oder nach e flotte Kaddo fir Är Léifste sicht – bei eis fannt Dir bestëmmt eppes Passendes! 🎁✨
📅 Vum 20. bis de 27. November
🌙 Nocturne e Samschdeg, den 21. November, bis 22:00 Auer
🕒 Déi aner Deeg gëllen eis gewinnten Ëffnungszäiten.
Mir freeën eis, Iech bei eis begréissen ze kënnen a mat Iech e puer schéi Momenter an enger gemittlecher, festlecher Ambiance ze verbréngen! ❤️🎄